Benotzerlizenzvertrag

BENOTZERLIZENZVERTRAG

WICHTEG INFORMATIOUN: LIEST WEG. ALLES GENEE DUERCH, IER DIR DE PRODUKT BENOTZT

Dëse Lizenzvertrag ("Lizenz") ass e rechtleche Vertrag tëschent Iech ("Lizenznehmer" oder "Dir") an der iRobot Gesellschaft mat Sëtz 8 Crosby Drive, Bedford, Massachusetts 01730 USA (“iRobot” oder “mir”) fir eng virinstalléiert Software, d'Grafik, d'Ausgesinn an d'Gefill, d'Benotzerinterfacen, den Inhalt oder d'Daten um iRobot Apparat (den "iRobot Apparat"), dozou gehéieren all Updaten, déi erofgelueden an nodréiglech um iRobot Apparat ("Software Material") installéiert kënne ginn, an all dozou gehéierent Medien, gedrécktent Material an online Dokumentatioun ("Dokumentatioun"), dat mam iRobot Apparat geliwwert gëtt an all Urheberrechter, déi iRobot, deenen iRobot am oder um iRobot Apparat gehéiert (dozou gehéiert d'Software Material oder d'Dokumentatioun) (zesummen d'"iRobot IP").

ANDEEMS DIR DE PAK OPMAACHT DËSE PRODUKT BENOTZT, SIDD DIR DOMADDER AVERSTANEN, UN D'BEDÉNGUNGE VUN DËSER LIZENZ GEBONNEN ZE SINN. WANN DIR NET MAT DE BEDÉNGUNGE VUN DËSER LIZENZ AVERSTANE SIDD, KËNNE MIR KENG LIZENZ FIR D'IROBOT IP UN IECH LIZENSÉIEREN AN DIR MUSST DEN IROBOT APPARAT DIREKT, ZESUMMEN MAT ALL BÄILEIENT DOKUMENTATIOUN, MAT DER ONBESCHIEDEGTER VERPACKUNG, BEI DE VERKEEFER ZERÉCKDROEN, WOU DIR E KAAFT HUTT, ODER UN D'IROBOT GESELLSCHAFT MAT ADRESS, WÉI ËNNE GENANNT, SCHÉCKEN AN DIR KRITT ÄR SUEN ZRÉCK.

Äre Gebrauch vun (a) der Websäit www.iRobot.com an iRobot.com, Ënnerdomainë (all eenzel e "Site"), (b) Servicer iwwert de Site (an all spéider Updaten) ("Siteservicer"), an (c) verschidde Software, déi op Ärem mobilen Apparat erofgeluede ka ginn (an all spéider Updaten) ("Mobil Software") ënnersteet dëse Servicebedéngungen. Äre Kaf vum Produkt (net mat abegraff d'iRobot IP) ënnersteet der begrenzter Garantie vun iRobot, där hir Bedéngunge mam iRobot Apparat geliwwert ginn. Dëse Benotzerlizenzvertrag regelt net Äre Gebrauch vum Site, Siteservicer oder mobiler Software oder Äre Kaf vum Produkt (net abegraff d'iRobot IP).

1)      ËMFANG VUN DER LIZENZ

a)         Mat Ärem Averständnis, Iech un d' Bedéngunge vun dësem Vertrag ze halen, gëtt iRobot Iech heimatter eng net-exklusiv, limitéiert Lizenz fir d'iRobot IP ënnert de Bedéngunge vun dëser Lizenz ze benotzen.            

b)        D'Lizenz ass eng Eenzel-Apparat-Lizenz an Dir dierft d'iRobot IP just mat engem iRobot Apparat benotzen.

c)         Dir dierft:

i)               nëmmen d'iRobot IP an Zesummenhang mat engem net-kommerzielle Gebrauch vun Ärem iRobot Apparat gebrauchen a se net onofhängeg vun Ärem iRobot Apparat oder fir en aneren Zweck gebrauchen;

ii)              all gratis Erweiderungssoftwarecode oder Update fir d'iRobot IP, déi heiansdo vun iRobot kënnt, kréien a benotzen;

iii)            all d'Dokumentatioun fir Äre Gebrauch, sou laang dee vun der Lizenz erlaabt ass, benotzen a sou vill Kopië vun der Dokumentatioun maachen, wéi fir de legale Gebrauch vum iRobot Apparat oder der Dokumentatioun néideg sinn.

2)      D'VERFLICHTUNGE VUM LIZENZNEHMER

a)         Ausser falls et ausdrécklech an dëser Lizenz beschriwwen oder duerch e Gesetz an Ärer Regioun erlaabt ass, sidd Dir averstanen:

i)               d'iRobot IP net ze kopéieren, ausser et muss sinn, fir den normale Gebrauch vum iRobot Apparat oder wou et néideg ass aus Back-up- oder Sécherheetsgrënn;

ii)              net d'iRobot IP ze verlounen, verdeelen, leasen, ënnerlizenzéieren, léinen, iwwersetzen, fusionéieren, adaptéieren, variéieren oder modifiéieren;

iii)            keng Ännerungen oder Modifikatioune vun der ganzer oder engem Deel vun der iRobot IP ze maachen an och net ze erlaben, dass d'iRobot IP oder en Deel dovunner mat oder an aner Programmer oder Apparater kombinéiert oder agebaut gëtt, ausser beim normale Gebrauch vum iRobot Apparat;

iv)            net d'iRobot IP auseneen ze huelen, se réckzebauen oder derivéiert Aarbechten, déi op der ganzer oder engem Deel vun der iRobot IP baséieren, an net ze probéieren sou eppes ze maachen, ausser am gesetzlech festgehalen Ausmoossen, well sou Actiounen net verbuede kënne ginn, well se néideg sinn, fir eng Interaktioun tëschent der iRobot IP an engem anere Softwareprogramm hierzestellen;

v)              d'iRobot IP an den iRobot Apparat op eng legal Aart a Weis ze benotzen, sou wéi all gëlteg lokal, national oder international Gesetzer a Richtlinnen dat virgesinn, a besonnesch muss opgepasst ginn, dass Äre Gebrauch:

(1)       net géint de Copyright, Datebaserechter oder Marquërechter oder all aner Urheberrechter vun enger Persoun verstouss gëtt;

(2)       kee getäuscht gëtt oder dozou verleet gëtt, géint eng Verflichtung géigeniwwer enger Drëttpartei ze verstoussen, z.B. eng vertraglech Verflichtung oder eng Vertrauensverflichtung oder illegal Aktivitéiten ënnerstëtzt ginn;

(3)       net bedrolech, verleumdneresch, beleidegend ass, an d'Privatsphäre vun enger anerer Persoun net verletzt, oder d'Leit nervt, stéiert oder onnéideg fäerten deet oder belästegen, rose maachen, blaméieren, beonrouegen oder nerve kéint;

(4)       net benotzt gëtt, fir eng aner Persoun nozemaachen, oder eng aner Identitéit virzeginn oder Bekanntschaft mat enger Persoun virzetäuschen oder d'Impressioun ginn, dass se vun eis kënnt, wann dat net de Fall ass; an

(5)       illegal en Netzwierk oder Telekommunikatiounssystem stéieren oder ënnerbriechen.

b)        Trotz den uewegenannte Bedéngungen, kënnt Dir en eenzelen, permanenten Transfert vun all Äre Gebrauchsrechter un der iRobot IP entspriechend dëser Lizenz un eng aner Partei maachen, an zwar wann Dir d'Proprietéit vun Ärem iRobot Apparat transferéiert, dobäi gëllt awer; (i) zum Transfert muss den iRobot Apparat an all Är Rechter vun dëser Lizenz gehéieren; (ii) Dir dierft keng Kopien vun der iRobot IP halen, Kopien, déi op Ärem Computer oder engem anere Späicher si mat abegraff; an (iii) Dir informéiert déi Partei, déi den iRobot Apparat kritt, vun de Bedéngungen a Konditioune vun dëser Lizenz an, dass de weidere Gebrauch vun der iRobot IP dëse Bedéngungen a Konditiounen ënnerstallt ass.

3)      AUTOMATESCH SOFTWAREUPDATEN

iRobot kann heiansdo Patchen, Feelerreparatiounen, Updaten, Upgraden an aner Modifikatiounen entwéckelen, fir d'Performanz vun der iRobot IP ze verbesseren oder soss z'änneren. Dës kënnen automatesch installéiert ginn, ouni dass am Virfeld eng Message oder eng weider Averständniserklärung gemaacht gouf. Dir sidd mat dësem automateschen Update averstanen. Wann Dir keng Updatë wëllt, halt op den iRobot Apparat ze benotzen. Dir verstitt, dass Dir eventuell Updaten installéiere musst, fir den iRobot Apparat an d'iRobot IP ze benotzen an Dir sidd domadder averstanen, all Updaten, déi iRobot schéckt, direkt z'installéieren. Andeems Dir Ären iRobot Apparat no engem Update weider benotzt, sidd Dir weider mat dëser Lizenz averstanen.

4)      MATERIAL VUN DRËTTPARTEIEN

Verschidden Elementer vum iRobot Apparat kënne Software an anert urheberrechtlecht Material ("Material vun Drëttparteien") enthalen. D'Material vun Drëttparteien ass un iRobot lizenzéiert an all Urheberrechter am Material vun Drëttparteie gehéiert weiderhin dem respektive Besetzer oder Lizenznehmer. Falls net aneschters uginn, ass d'Material vun Drëttparteien un Iech lizenzéiert, an zwar ënnert de selwechte Bedéngungen, wéi an dëser Lizenz.

5)      SERVICER VUN DRËTTPARTEIEN

a)         Den iRobot Apparat an d'iRobot IP gëtt Iech Zougang op verschidde Servicer vun Drëttparteien a Websäiten ("Servicer vun Drëttparteien"). De Gebauch vu Servicer vun Drëttparteie setzt en Internetuschloss viraus an Dir musst eventuell nach aner Bedéngungen akzeptéieren.

b)        Denkt weg. drun, dass mir keng Servicer, Inhalter oder Date vun Drëttparteie steieren oder kontrolléieren. Äre Kontakt mat Drëttparteien iwwer Servicer vun Drëttparteien ass just tëschent Iech an der Drëttpartei. Dat heescht, dass Dir un d'Bedéngungen an d'Richtlinne vun der Drëttpartei gebonne sidd, wann Dir mat hinne Kontakt hutt, an net un eis. Reklamatiounen, Froen an Uspréch, déi mat Problemer oder Transaktiounen un eng Drëttpartei ze dinn hunn, sollen direkt un déi Drëttpartei geriicht ginn.

c)         Mir gi keng Garantië fir Äre Gebrauch vu Servicer vun enger Drëttpartei a kënnen och net verantwortlech oder haftbar dofir gemaacht ginn.

6)      OPPE SOURCE

Verschidden Deeler vun der Software, déi zu der Produktsoftware gehéiert, ënnerstinn dem "Oppe Source"-Prinzip, et sinn also fräi Lizenzen ("Oppe Sourcesoftware"). Munnech Oppe Sourcesoftware gehéiert Drëttparteien. D'Oppe Sourcesoftware ass net vun de Bedéngungen an dësem Benotzerlizenzvertrag betraff. Et ass esou, dass all eenzel Oppe Sourcesoftware hir eege Bedéngungen an engem Benotzerlizenzvertrag huet, dee mat der Oppe Sourcesoftware geliwwert gëtt. Näischt an dem Benotzerlizenzvertrag schränkt Är Rechter an oder gëtt Iech Rechter, déi iwwert d'Bedéngunge vun engem gültege Benotzerlizenzvertrag fir eng Oppe Sourcesoftware eraus ginn. Op schrëftlech Ufro un iRobot (iwwer E-Mail oder Postadress hei ënnen drënner) kritt Dir all Lizenze fir eng speziell Oppe Sourcesoftware vun iRobot an och d'Modifikatiounen un dëser Oppe Sourcesoftware.

7)      URHEBERRECHTER

a)         Dir sidd domadder averstanen, dass all Urheberrechter an der iRobot IP op der ganzer Welt iRobot gehéieren, dass Rechter an der iRobot IP lizenzéiert (net verkaf) un Iech ginn, an dass Dir kee Recht op d'iRobot IP hutt, ausser d'Recht se ze benotzen, sou wéi et an de Bedéngungen an dëser Lizenz steet.

b)        D'iRobot IP ass integral geschützt duerch technesch Schutzmesuren (TSM), sou dass d'Urheberrechter, dozou gehéiert de Copyright, an der iRobot IP net violéiert ginn. Dir dierft a kenger Aart a Weis probéieren, sou eng TSM auszebauen oder z'ëmgoen an och näischt benotzen, hierstellen, importéieren, verkafen, verlounen, offréieren, ausleeën, fir de Verkaf oder d'Verlounen ubidden oder fir privat oder kommerziell Zwecker hunn, dat deen eenzegen Zweck huet, sou TSM illegal z'ëmgoen oder auszebauen.

8)      GARANTIE AN HAFTUNG

a)         Dir sidd domadder averstanen, dass:

i)               d'iRobot IP net fir Är eegen Uspréch entwéckelt gouf an dass et dohier Är Responsabilitéit ass, fir sécher ze stellen, dass d'Méiglechkeeten an d'Fonctioune vun der iRobot IP Ären Uspréch entspriechen.

ii)              Dir déi ganz Verantwortung beim Gebrauch vum iRobot Apparat hutt, an dass all Entscheedung, déi vun deem Gebrauch ofhänkt an Äre Gebrauch vum iRobot Apparat op eegene Risque geschitt;

iii)              d'iRobot IP ass net onbedéngt ouni Feeler oder Stéierungen an dass Äre Gebrauch duerch sou e Feeler oder sou eng Stéierung ënnerbrach oder beaflosst ka ginn;

b)        D'iRobot IP an all Material vun enger Drëttpartei gëtt Iech an deem Zoustand zur Verfügung gestallt, wéi en ass, a mir gi keng Garantie, Representatioun, Conditioun oder Verflichtung op d'Leeschtung, d'Qualitéit oder Laangliewegkeet vun der iRobot IP oder Material vun Drëttparteien.

c)         Ausnahme sinn all Garantien, Representatiounen, Conditiounen an all aner Bedéngungen, déi an dëser Lizenz beschriwwe sinn an déi am Gesetz virgeschriwwe sinn, an déi am wäiteste Sënn wéi gesetzlech erlaabt net mat abegraff.

9)      HAFTUNG VUM LIZENZGEBER

a)         Näischt an dëser Lizenz soll d'Haftung vun alle Parteien a folgende Fäll limitéieren oder aussetzen:

i)               Doud oder Verletzung duerch Nolässegkeet; oder

ii)              Bedruch oder illegal falsch Representatioun; oder

iii)            Verstouss géint d'Bedéngungen am Gesetz Sale of Goods Artikel 1979; oder

iv)            Verstouss géint d'Konsumenteschutzgesetz Artikel 1987.

b)        Déi maximal gesammelt Haftung vun iRobot ënnert oder an Zesummenhang mat dëser Lizenz, oder unhängesch Dokumenter, egal ob kontraktuell oder bei engem Schued (Nolässegkeet mat abegraff) oder soss iergendwéi, soll ënnert allen Ëmstänn, op d'Zomm, déi Dir fir den iRobot Apparat bezuelt hutt, begrenzt sinn.

10)   KËNNEGUNG

a)         iRobot kann dës Lizenz direkt schrëftlech kënnegen, wann Dir materiell oder persistent géint dës Lizenz verstéisst, an Dir dat net bannent 14 Deeg nodeems Dir dozou opgefuerdert gouft, réckgängeg maacht (falls méiglech)

b)        Bei der Kënnegung aus egal wéi enge Grënn:

i)               halen all Rechter, déi Dir kritt hutt op; an

ii)              Dir musst mat allen Aktivitéiten, déi Iech duerch d'Lizenz gi waren, ophalen.

11)   ZOUSTËMMUNG FIR DEN EXPORT

D'iRobot IP an unhängesch Technologie ënnerstinn den amerikaneschen Exportkontrollgesetzer a kënne vun Export- oder Importregulatiounen an aner Länner betraff sinn. Dir sidd domadder averstanen, Iech un all Gesetzer a Regulatiounen, déi fir Iech gëllen, ze halen.

12)   DEN TRANSFERT VU RECHTER A VERFLICHTUNGEN

a)         Dës Lizenz ass bannent fir Iech an eis an eis respektiv Nofolger a rechtlech Nofolger.

b)        Mir kënnen dës Lizenz oder ee vun eise Rechter oder Verflichtungen, déi dozou gehéieren zu all Moment bannent der Lafzäit vun de Bedéngunge vun dëser Lizenz transferéieren, iwwerdroen, a Rechnung stellen, ënnervermëttelen oder soss iergendwéi oftrieden.

13)   NORIICHT

All Noriichten, déi Dir un iRobot wëllt schécken mussen un d' iRobot Corporation zu 8 Crosby Drive, MA 01730 USA adresséiert sinn. iRobot kann Iech iwwert déi E-Mail- (oder Post-) Adress äntweren, déi Dir bei iRobot registréiert hutt. D'Noriicht gëllt 24 Stonnen nom Schécke vun der E-Mail an dräi Deeg nom Poststempel bei engem Bréif als empfaangen. Falls ënnersicht muss ginn, op d'Noriicht ukomm ass, geet et duer ze beweisen, dass de Bréif richteg adresséiert gouf, en Timber hat an bei der Post ofginn ass, respektiv, dass d'E-Mail un déi registréiert E-Mail-Adress geschéckt ginn ass.

14)   ËMSTÄNN, DÉI AUSSERHALB VUN DER KONTROLL VUM LIZENZGEBER ASS

a)         iRobot iwwerhëlt keng Haftung a Verantwortung beim Ausfall oder der Verspéidung vun enger Leeschtung vun enge vun hire Verflichtungen, déi ënnert dës Lizenz falen, wann et bedéngt ass duerch en Ëmstand, déi ausserhalb hirer Kontroll loung (Force Majeure Ëmstänn).

b)        Zu de Force Majeure Ëmstänn gehéieren all Handlungen, net-Handelen, Ausloossen oder Accidenter, déi ausserhalb vun eiser zumutbarer Kontroll loungen, dozou gehéiert folgendes (ouni sech dorop ze limitéieren):

i)               Streiken, Lock-outen oder aner gewerkschaftlech Mesuren;

ii)              Zivilen Oplaf, Opstand, Invasioun, Terrorattacken oder d'Bedroung duerch eng Terrorattack, Krich (egal op erkläert oder net) oder Bedroung oder Preparatioun fir de Krich;

iii)            Feier, Explosioun, Stuerm, Iwwerschwemmung, Äerdbiewen, Buedemsenkung an aner Naturkatastrofen;

iv)            Onméiglechkeet Zich, Schëffer, Fligeren, Motorstransport oder aner privat oder ëffentlech Transportmëttelen ze benotzen;

v)              Onméiglechkeet déi ëffentlech oder privat Telekommunikatiounsnetzwierker ze benotzen;

vi)            all Handlungen, Dekreter, Gesetzer, Regulatiounen oder Restriktiounen vun enger Regierung.

c)         D'Leeschtunge vun iRobot ënnert dëser Lizenz gi kuerzzäiteg an engem Fall vu Force Majeure opgehuewen, a bleiwen opgehuewen, sou laang déi Ëmstänn unhalen. Mir maachen alles, wat fir eis méiglech ass, fir d'Ëmstänn vun der Force Majeure ofzeschléissen an eng Léisung ze fannen, fir eis Leeschtung trotz den Ëmstänn vun enger Force Majeure nach unzebidden.

15)   VERZICHTSERKLÄRUNG

a)         Falls mir zu all Moment bannent der Lafzäit vun dëser Lizenz, net op déi strikt Leeschtung vun Äre Verflichtungen ënnert dëser Lizenz halen oder falls mir net eis Rechter oder Mëttel ausüben, op déi mir e Recht ënnert dëser Lizenz hunn, soll dat keng Verzichtserklärung op dës Rechter oder Mëttel sinn, an dat soll Iech net dovunner fräispriechen, Iech un Är Verflichtungen ze halen.

b)        E Verzicht vun eiser Säit duerch e Versäumnis soll net eng Verzichtserklärung fir en anert Versäumnis sinn.

c)         Kee Verzicht duerch eis op eng vun dëse Bedéngungen a Konditioune soll a Kraaft trieden, ausser wann dat ausdrécklech als Verzichtserkläerung ausgedréckt an Iech schrëftlech matgedeelt gouf.

16)   TRENNBARKEET

Falls eng vun de Bedéngungen an dëser Lizenz vun enger kompetenter Autoritéit als ongülteg, illegal oder net-ëmsetzbar beuerteelt soll ginn, soll déi Bedéngung, Konditioun oder Provisioun an deem Ausmooss vum Rescht vun de Bedéngungen, Konditiounen a Provisioune getrennt ginn, an de Rescht bleift weider an deene vollen Ausmoossen, déi gesetzlech erlaabt sinn, gëlteg.

17)   DE GANZE VERTRAG

a)         Dës Lizenz an all Dokument, op dat ausdrécklech dora referéiert gëtt, mécht de ganze Vertrag tëschent eis aus an huet Virrecht op all virgängegt Arrangement, Eenegung oder Vertrag tëschent eis, dee mat enger Lizenz fir d'iRobot IP ze dinn huet.

b)        Mir sinn domadder averstanen, dass bei a Kraafttriede vun dëser Lizenz (an den Dokumenter, op déi dora verwise gëtt), kee vun eis sech op eng Ausso, Representatioun, Versécherung oder Garantie (Representatioun) vun enger Persoun (egal op eng vun de Parteien vun dëser Lizenz oder net) bezitt, ausser et stéing ausdrécklech an dëser Lizenz oder an hiren Dokumenter.

c)         Mir sinn alle béid domadder averstanen, dass nëmme Rechter a Mëttel, déi eis an Zesummenhang mat der Representatioun zur Verfügung stinn, kënne vun engem Verstouss géint de Vertrag, wéi an dëser Lizenz beschriwwen, betraff sinn.

18)   GESETZ A GERIICHTSBARKEET

a)         Dës Lizenz, hiren Inhalt oder hire Format (dozou gehéieren net-vertraglech Oneenegkeeten oder Uspréch) ënnerstinn dem englesche Gesetz a sollen dono och ausgeluecht ginn, an all Partei hält sech un déi net-exklusiv Geriichtbarkeet vun englesche Geriichter, ouni doduerch Äert Recht als Konsument ze verletzen, geriichtlech an Ärem Land virzegoen.

b)        Dir sidd domadder averstanen, dass d'Produktsoftware wäertvoll Geschäftsgeheimnisser a geschützten Informatioune vun iRobot enthält, dass all tatsächlechen oder ugedréite Verstouss géint Sectioun 2 (Restrictiounen) vun dësem Benotzerlizenzvertrag direkten, irreparabele Schued fir iRobot bedeit, fir deen eng finanziell Entschiedegung eng passend Léisung wier an dass eng Unterlassungsverfügung e passend Mëttel bei sou engem Verstouss wier.

Dës Richtlinne goufe fir d'Lescht den 30.09.2016 geännert a gëllen zanterhier.