Servicebedéngungen

iRobot

SERVICEBEDÉNGUNGEN

  1. Wëllkomme bei iRobot

1.1          D'iRobot Gesellschaft ("iRobot", "mir", "eis" oder "eisen/eist") gëtt Iech: (1) eng iRobot Websäit mat Benotzerkonto, op deen Dir zougräife kënnt global.irobot.com (de "Site"), (2) Servicer, op déi Dir iwwert de Site zougräife kënnt (d'"Web App"), an (3) Software fir d'Servicer ze benotzen, déi op Äre Smartphone oder Tabletcomputer erofgeluede ka ginn (d'"Handysapp"), dat alles fir de Gebrauch zesumme mat engem iRobot Apparat (d'"Produkter") an op aner Manéieren, sou wéi vun iRobot ugebueden. Verschidde Produkter a Service vun iRobot kënnen zesummen oder integréiert mat Produkter a Servicer vun Drëttparteie benotzt ginn. D'Wuert "Servicer" ëmfaasst de Site, d'Webapp an d'Handyappen.

2. Äert Verhältnis zu eis

2.1          Dëst Dokument an all Dokument, op dat an dësem verwise gëtt (zesumme genannt "Servicebedéngungen") regelen Ären Accès op d'Servicer. Et ass wichteg, dass Dir dës Servicebedéngunge liest, ier Dir de Service gebraucht. Falls eppes drasteet, dat Dir net verstitt, kontaktéiert eis weg. iwwer global.irobot.com.

2.2          Andeems Dir e Konto bei eis kreéiert oder op e Service zougräift oder e benotzt, sidd Dir mat de Servicebedéngungen averstanen. Falls Dir net mat dëse Servicebedéngungen averstane sidd, browst weg. net duerch de Service a gräift och soss net iergendwéi drop zou.

2.3          Äre Kaf vun engem Produkt gëtt vun enger begrenzter Garantie, déi mam Produkt geliwwert gëtt, gedeckt (d'"begrenzt Garantie") a kann och de Verkaafsbedéngungen a -konditiounen ënnerstoen. D'Software, déi sech am Produkt befënnt an all Updaten dovunner (d'"Produkt Software") ass lizenzéiert an ënnersteet dem Benotzerlizenzvertrag. Verschidde Fonctioune vun de Servicer kënne weidere Richtlinnen, Bedéngungen oder Regelen ënnerstoen; dës stinn op de Servicer zesumme bei deene Fonctiounen.

2.4          Dir musst 13 Joer oder méi al sinn an an Ärem Land kënnen e gültege Vertrag agoen, fir eis Servicer ze benotzen. D'Servicer dierfen net vu Benotzer gebraucht ginn, deene et verbuede ginn ass, Servicer vun iRobot ze benotzen.

3. Informatiounen iwwert eis

3.1       D'iRobot Gesellschaft ass eng Firma, déi ënnert de Gesetzer vum Staat Massachusetts an den USA, mat der Firmennummer 000773447 an der Adress zu 8 Crosby Drive, Bedford, Massachusetts 01730 USA registréiert gouf.

4. Informatiounen iwwert Iech

4.1          Dateschutz ass wichteg fir eis. Liest eis Dateschutzrichtlinn, fir gewuer ze ginn, wéi mir Informatiounen iwwert Iech sammelen, gebrauchen an deelen.

5. E Konto kreéieren

5.1          Fir d'Servicer ze benotzen, musst Dir e Benotzerkonto registréieren (Äre "Konto") a munnech Informatioun iwwert Iech aginn, sou wéi et am Formulaire steet. Dir sidd domadder averstanen, dass all Informatiounen, déi Dir ugitt stëmmen, an dass Dir dës Informatiounen, falls néideg, aktualiséiert.

5.2          Dir sidd domadder averstanen, dass Dir "sécher" Passwierder (Passwierder, déi aus enger Kombinatioun vu Grouss- a Klengbuschtawe bestinn) fir Äre Konto benotzt.

5.3          Dir sidd dofir verantwortlech, fir Äre Login an all Aktivitéiten, déi iwwert Äre Konto verlafen, vertraulech ze behandelen. Wann Dir mengt, Äre Konto wier onerlaabter Weis benotzt ginn, sidd Dir domadder a verstanen, eis sou séier wéi méiglech iwwert global.irobot.com z'informéieren.

6. Äert Recht, d'Servicer ze benotzen

6.1          D'Material an d'Inhalter, déi de Service ausmaachen, gehéieren eis a mir ginn Iech d'Erlaabnis, fir dëst Material an dës Inhalter fir den eenzegen Zweck, d'Servicer an Aklang man dëse Servicebedéngungen ze benotzen, ze gebrauchen.

6.2          Äert Recht, d'Servicer ze benotzen, gehéiert Iech perséinlech an Dir dierft net enger anerer Persoun dëst Recht ginn oder verkafen oder Äre Konto un eng aner Persoun iwwerdroen. Äert Recht, d'Servicer ze benotzen, hält eis net dovunner of, d'Recht un aner Persounen ze ginn, fir dass si de Service och benotze kënnen.

6.3          Ausser wéi duerch dës Servicebedéngungen erlaabt, kritt Dir kee Recht, den "iRobot"-Numm oder een/eng vun den "iRobot" Marquen, Logoen, Domainnimm oder aner däitlech Deeler vun der Marque ze benotzen.

6.4          Als Deel vun eise Servicer, erlabe mir Iech:

(a)           den Accès op d'Webapp an Zesummenhang mat oder fir den eenzegen Zweck, d'Produkter an Ärer Immobilie ze kontrolléieren an z'iwwerwaachen oder soss op e Service zouzegräifen, dee fir Äre Gebrauch vun eis ënnert dëse Servicebedéngungen zur Verfügung gestallt gëtt (d'"erlaabt Zwecker"); an

(b)           d'Installatioun an de Gebrauch vun den Handysappen op Ärem Handy fir d'erlaabt Zwecker,

a mir ginn Iech eng net-exklusiv, perséinlech, net-iwwerdrobar Lizenz fir d'erlaabt Zwecker.

6.5          Folgend Punkten trieden och a Kraaft, wann Dir eis Handysapp aus dem Apple App Store bezitt oder d'Servicer an Zesummenhang mat engem Apparat vun Apple benotzt (zesumme gëtt sou ee Gebrauch lo d'"Applicatioun" genannt):

(a)           Dir sidd domadder averstanen a verstitt, dass dës Servicebedéngungen nëmmen tëschent Iech an iRobot, net Apple, bestinn, an dass Apple keng Responsabilitéit fir d'Applicatioun oder den Inhalt dovunner huet;

(b)           Äre Gebrauch vun der Applicatioun muss de Servicebedéngunge vum App-Store entspriechen:

(c)           Dir verstitt, dass Apple keng Verflichtung huet, d'Applikatioun z'aktualiséieren oder Iech Hëllef domadder unzebidden;

(d)           am Fall vun engem technesche Feeler an der Applicatioun kënnt Dir Iech un Apple wéinst Ärer Garantie wennen an Apple bezilt Iech de Präis vun der Applicatioun (falls zoutreffend) zréck. Am vum Gesetz maximal erlaabten Ausmooss, huet Apple keng weider Verflichtungen an Zesummenhang mat der Applicatioun an all aner Uspréch, Perte, Haftung, Schied oder Käschten, déi op en technesche Feeler ënnert der Garantie zeréck ze féiere sinn, wéi nëmmen an dëse Servicebedéngungen an den entspriechende Gesetzer fir iRobot als Ubidder vun der Software uginn.

(e)           Dir verstitt, dass Apple net responsabel ass, fir op en Usprooch vun Iech oder enger Drëttpartei, deen Dir wéinst der Applicatioun, Ärem Besëtz an/oder Gebrauch vun der Applicatioun, z'äntweren an dass all sou Uspréch nëmme vun dëse Servicebedéngungen an den entspriechende Gesetzer fir iRobot ënnerstinn;

(f)            Dir an iRobot verstitt a sidd domadder averstanen, dass Apple an d'Subsidiaire vun Apple Drëttparteiberechtegter vun dëse Servicebedéngunge sinn an, dass si e Recht drop hunn, sech op dës Servicebedéngungen ze stëtzen, wann et ëm Är Lizenz vun der Applicatioun geet; an

(g)           Dir verstitt a sidd domadder averstanen, dass Dir Iech an Ärem Gebrauch mat der Applicatioun un all Vertragsbedéngunge vun enger Drëttpartei, déi sou e Gebrauch beaflosst oder vum Gebrauch beaflosst gëtt, haalt.

6.6          Dir sidd domadder averstanen, dass Dir net an engem Land sidd, wou en Embargo vun der US-Regierung verhaange gouf, oder dat vun der US-Regierung als "Land, dat Terrorismus ënnerstëtzt" bezeechent gouf an Dir stitt net op enger Lëscht vun der US-Regierung iwwert verbueden oder begrenzt Parteien.

6.7          Obwuel de Site weltwäit accessibel ass, sinn d'Produkter an d'Servicer, déi iwwert de Site zougänglech sinn, net fir all Persounen an an all Land zougänglech. Wann Dir op de Site gitt, aus engem Land, wou iRobot de Verkaf vu Produkter a Servicer ("Zilland") net ënnerstëtzt, da maacht Dir dat op Är eegen Initiativ an Dir sidd alleng verantwortlech, fir Iech un all entspriechend Gesetzer an Ärem Land ze halen. Dir verstitt an akzeptéiert, dass de Site net designt gouf, fir de Gebrauch an net-Zillänner a verschidde Fonctiounen fonctionnéieren eventuell net an esou engem Land oder sinn net fir de Gebrauch do geduecht. A gesetzlech erlaabten Ausmoossen iwwerhëlt iRobot keng Verantwortung oder Haftung fir Schued oder Perten, déi doduerch entstinn, well Dir de Site oder d'iRobot Produkter an engem net-Zilland gebraucht. Dir sidd un dës Bedéngunge gebonne, egal wou Dir op de Site zougräift oder d'Servicer benotzt.

7. Softwareupdaten

7.1          Heiansdo entwéckele mir Patchen, Feelerverbesserungen, Updaten an aner Modifikatiounen, fir d'Leeschtung vun de Servicer oder der Produktsoftware ("Updaten") ze verbesseren. Dir sidd domadder averstanen, dass mir dës Updaten automatesch installéieren, ouni dass mir Iech Bescheed soen.

7.2          Dir verstitt, dass Dir Updaten installéiere musst, fir d'Servicer an d'Produkter ze benotzen an Dir sidd domadder averstanen, all Update, dee mir liwweren, séier z'installéieren.

7.3          Wann Dir keng Updaten installéiere wëllt, musst Dir Äre Konto ofmellen an ophalen, d'Servicer an d'Produkter ze benotzen. Wann Dir Äre Konto net ofmellt, kritt Dir weider automatesch Updaten.

7.4          D'Servicer an d'Produkter no engem Update weider ze benotzen, bedeit Äert verlängert Averständnis mat de Bedéngungen a Konditiounen vum Service.

8. Produkter a Service vun Drëttparteien

8.1          iRobot kann Iech d'Méiglechkeet ginn, fir d'Produkter an d'Servicer mat de Produkter a Servicer vun enger oder méi Drëttparteien ze verbannen ("Produkter a Servicer vun Drëttparteien"). Dir entscheet, ob a vu weem Dir Produkter a Servicer vun Drëttparteie benotze wëllt a mir froen ausdrécklech no Ärem Averständnis an Ärer Erlaabnis dofir, déi Dir awer zu all Ablack kënnt zeréckzéien.

8.2          Dir verstitt a sidd domadder averstanen, dass Produkter a Servicer vun Drëttparteien, déi Dir mat Ärem Konto verbannt oder reliéiert, keng iRobot Produkter a Servicer sinn an Dir sidd domadder averstanen, dass iRobot keng Kontroll iwwert Produkter a Servicer vun Drëttparteien huet.

8.3          Dir verstitt a sidd domadder averstanen, dass iRobot keng Representatioun oder Garantie fir d'Sécherheet vun engem Produkt oder Service vun enger Drëttpartei gëtt an Dir sidd domadder averstanen, dass iRobot net verantwortlech fir Äre Gebrauch vu Produkter a Service vun Drëttparteien ass.

8.4          De Gebrauch vu Produkter a Servicer vun Drëttparteien ënnersteet separate Bedéngungen a Konditioune vun den Ubidder vun de Produkter a Servicer vun Drëttparteien.

8.5          Bei Froen iwwer Produkter a Servicer vun Drëttparteien, kontaktéiert am beschten den Ubidder vun deem Produkt oder Service.

9. Regele fir den akzeptabele Gebrauch

9.1          Zousätzlech zu aner Ufuerderungen an dëse Servicebedéngungen, beschreift dësen Deel spezifesch Regelen, déi sech op Äre Gebrauch vun de Servicer bezéien (d'"Regele fir den akzeptabele Gebrauch").

9.2          Wann Dir d'Servicer gebraucht, dierft Dir net:

(a)           d'Servicer lizenzéieren, verkafen, verlounen, leasen, transferéieren, verdeelen, ubidden oder soss kommerziell ausnotzen;

(b)           d'Servicer modifiéieren, agräifen, ofleeden, beschiedegen, ënnerbriechen oder hacken;

(c)           op d'Servicer zougräifen, fir ähnlech oder kompetitiv Servicer ze kreéieren;

(d)           d'Sécherheetsaspekter vun de Servicer, déi de Gebrauch oder d'Kopéiere vun Inhalter, déi iwwert de Service zougänglech sinn, verhënneren oder begrenzen, ëmgoen, ausschalten oder soss iergendwéi beaflossen;

(e)           ausser, wéi an de Servicebedéngungen uginn, en Deel vun de Servicer an egal wéi enger Form kopéieren, reproduzéieren, verdeelen, verëffentlechen, eroflueden, uweisen, schécken oder iwwerdroen;

(f)            falsch oder irreführend Informatiounen an Äre Kontosdetailer ginn;

(g)           zu engem illegalen oder net-gesetzleche Verhale bäidroen;

(h)           d'Servicer benotzen, wa mir Iech vum Gebrauch suspendéiert oder Iech e verbueden hunn;

(i)            de Service mëssbrauchen, andeems Dir bewosst Virussen, Trojaner, Wierm, Logikbommen an anert Material, dat de Servicer oder der Ausrüstung vun engem Benotzer vun de Servicer schuede kéint;

(j)            Date vum Service sammelen, ausser wann et dëse Servicebedéngungen entsprécht;

(k)           d'Serveren oder d'Netzwierker vun de Servicer behënneren, stéieren oder Iech onerlaabten Accès drop verschafen oder d'Regulatiounen, d'Richtlinnen oder d'Verfare vun esou Netzwierker ze violéieren;

(l)            op d'Servicer zougräifen oder et iwwer Moyen'ë, ausser dem Interface, dee vun iRobot zur Verfügung gestallt gëtt, ze probéieren; oder

(m)         Urheberrechts- a Copyrightszeechen ewech ze huelen, ze verdecken oder ze veränneren.

9.3          Bei engem Verstouss géint dës Regelen fir den akzeptabele Gebrauch läit en eeschte Verstouss géint dës Servicebedéngunge vir, wat zu enger oder all vun deene folgenden Actiounen (mat oder ouni Preavis) féiere kann:

(a)           direkt, kuerzfristeg oder permanent Entzéiung vun Äre Gebrauchsrechter vun eise Servicer;

(b)           eng Warnung fir Iech;

(c)           Geriichtsverfaren géint Iech, woubäi e Schadensersatz fir all Käschten (inklusiv mee net beschränkt op raisonnabel administrativ Käschten a rechtlech Käschten), déi duerch de Verstouss entstane sinn;

(d)           d'Oppeleeë vun Informatioune bei der Police an aner Autoritéiten, wéi mir dat fir néideg befannen.

9.4          Mir kënnen all Verdacht op e Verstouss géint d'Regele fir den akzeptabele Gebrauch ënnersichen. Bei enger Investigatioun kënne mir kuerzfristeg Är Gebrauchsrechter fir eis Servicer ouni Preavis zréckzéien.

9.5          Dës Actiounen ginn an der Klausel 9.3. beschriwwen, mee sinn net dorobber beschränkt a mir kënnen aner Actiounen aleeden, wa mir dat als néideg empfannen.

10. Oppe Source-Deeler

10.1       Munnech Softwarekod vun Drëttparteie kann an der Webapp oder der Handysapp enthale sinn, déi ënner d'"Oppe Source" oder "Fräi Software" Lizenzen ("Oppe Sourcesoftware") fält. Munnech Oppe Sourcesoftware gehéiert Drëttparteien.

10.2       Näischt an dëse Servicebedéngunge begrenzt Är Rechter ënnert, oder gëtt Iech Rechter duerch

11. den accordéierte Gebrauch a Begrenzunge vun iRobot Servicer

11.1       De geduechte Gebrauch vun iRobot Servicer

D'Servicer si geduecht, fir net-zäitkritesch Informatiounen a Kontroll iwwert d'Produkter z'accèdéieren a ze benotzen. Mir probéieren d'Servicer am heegst méiglechen Ausmooss ajour ze halen, mee si sinn net geduecht fir ëmmer zu 100% zougänglech ze sinn. D'Servicer kënne vu sporadeschen Ënnerbriechungen an technesch Feeler betraff sinn aus enger Rëtsch Grënn, déi ausserhalb vun der Kontroll vun iRobot leien, ë.a. Problemer mam Internetuschloss, d'Verfügbarkeet vum Serviceubidder, mobil Notifikatiounen a Fournisseuren. Dir verstitt dës Begrenzungen a sidd domadder averstanen, dass iRobot net responsabel fir Schued, deen duerch technesch Problemer oder Verspéidunge vum Service opkomm soll sinn, ass.

11.2       Kuerzzäiteg Suspensioun

D'Servicer kënne kuerzzäiteg ouni Preavis wéinst der Sécherheet, Systemfeeler, Wartung a Reparatiounen oder aner Ëmstänn suspendéiert ginn. Dir sidd domadder averstanen, dass Dir kee Recht op e Schadensersatz oder e Rabatt wéinst esou Suspensiounen hutt. iRobot gëtt keng Garantie fir eng spezifesch Zäit, wou d'Servicer lafe mussen.

11.3       Ufuerderungen un de System

Fir Servicer, fir déi een Internet braucht, kënnt Dir net op dës Servicer zréckgräifen, ouni:

(a)           e WLAN-Uschloss, deen an Ärem Haus fonctionnéiert an dee sou placéiert ass, dass en zouverlässlech mat de Produkter kommunizéiere kann;

(b)           E Konto (dee gëtt gebraucht fir Funktionalitéit);

(c)           e mobilen Apparat, wéi en Handy oder en Tabletcomputer (gëtt gebraucht fir verschidde Funktionalitéiten);

(d)           en dauerhaften Breedband-Internetuschloss;

(e)           aner Systemelementer, déi vun iRobot spezifizéiert kënne ginn.

Fir Servicer, déi eng Bluetooth-Verbindung brauchen, kënnt Dir net op d'Servicer zréckgräifen ouni:

(a)           E Konto (dee gëtt gebraucht fir Funktionalitéit);

(b)           e mobilen Apparat, wéi en Handy oder en Tabletcomputer mat Bluetooth-Verbindung (gëtt gebraucht fir verschidde Funktionalitéiten);

(c)           aner Systemelementer, déi vun iRobot spezifizéiert kënne ginn.

Et ass Är Responsabilitéit, fir sécher ze stellen, dass Dir all gebrauchte Systemselementer hutt, dass se kompatibel sinn a richteg fonctionnéieren. Dir verstitt, dass d'Servicer net wéi beschriwwe fonctionnéiere kënnen, wann d'Ufuerderungen an d'Kompatibilitéit net erfëllt sinn.

11.4       Informatiounsbegrenzungen

D'Servicer ginn Iech Informatiounen ("Produkt Informatiounen") iwwert d'Produkter an hir Verbindung mat anere Produkter a Servicer. All Produktinformatioune ginn offréiert an deem Zoustand, wéi se sinn a falls se op Lager sinn. Mir garantéieren net, dass se korrekt oder aktuell sinn.

12. Begrenzunge vun iRobot Servicer, déi un Drëttparteie gebonne sinn

12.1       Allgemenges

D'Servicer si vu Produkter a Servicer vun Drëttparteien ofhängeg oder fonctionnéieren domadder. Dës Produkter a Servicer leien ausserhalb vun der Kontroll vun iRobot, mee hier Leeschtung kann de Gebrauch an d'Zouverlässegkeet vun de Servicer beaflossen oder dovunner beaflosst ginn. Dir verstitt a sidd domadder averstanen, dass: (i) de Gebrauch an den Zougang op d'Servicer ofhängeg vum Ubidder vu Produkter a Servicer vun Drëttparteien ass; an (ii) d'Produkter a Servicer vun Drëttparteie kënnen net zu all Moment 100% zouverléisseg fonctionnéieren, a si kënnen d'Aart a Weis, wéi d'Servicer fonctionnéieren beaflossen.

12.2       Serviceubidder vun Drëttparteien

Dir verstitt, dass iRobot drëttparteilech Serviceubidder gebraucht, fir verschidden Aspekter vun de Servicer, wéi z.B. Datespäicher, Synchronisatioun, Authentifikatioun, Kommunikatioun a Messagen op mobil Apparater iwwert en Operativsystem a Netzubidder.

12.3       Ausrüstung, ISP, Netzubidder

Dir verstitt, dass den Zougang op d'Servicer ofhängeg ass vun (i) Ärem Computer, Handy, d'Verkabelung an Ärem Haus, de WLAN an Ärem Doheem an aner verbonnen Ausrüstung ("Ausrüstung"), (ii) Ärem Internet Service Provider, d.h. Internetubidder ("ISP") an (iii) Ärem Netzubidder ("Netzubidder").Dir verstitt, dass Dir verantwortlech sidd, fir all Käschten, déi Ären ISP an Netzubidder Iech an Zesummenhang mam Gebrauch vun de Servicer a Rechnung stellen. Dir verstitt och, dass Dir verantwortlech sidd, Iech un all gëlteg Verträg, Bedéngunge fir de Gebrauch/Service an aner Richtlinne vun Ärem ISP an Netzubidder ze halen.

12.4       App-Storen

Dir verstitt a sidd domadder averstanen, dass den Zougang op Handysappen ofhängeg vun drëttparteileche Websäiten ass, wou Dir d'Handysappe kënnt eroflueden, z.B. am App-Store oder dem Android App-Market vu Google (alle béid en "App Store"). Dier verstitt, dass dës Servicebedéngungen tëschent Iech an iRobot an net mam App-Store gëllen. Jidder App-Store ka seng eege Bedéngungen hunn, deenen Dir musst zoustëmmen, ier Dir d'Handysapp erofluet. Dir sidd domadder averstanen, dass Dir Iech dorunner haalt an Är Lizenz fir d'Handysapp ze benotzen ass ofhängeg vun Ärem Averständnis mat de Bedéngungen a Konditiounen vum App-Store. Am Fall, wou dës Bedéngunge vum App-Store manner restriktiv oder d'Géigendeel vun de Bedéngungen an dëse Servicebedéngunge sinn, dann sinn et déi méi restriktiv Bedéngungen oder déi géigendeeleg Konditiounen an dëse Servicebedéngungen, déi gëllen.

12.5       Drëttparteilech Websäitlinken a Referenzen

De Site ka Linken un aner Websäiten, déi vun Drëttparteie bedriwwe ginn ("Drëttparteisäiten"), a Referenzen un Drëttparteiverkeefer ("Genannt Verkeefer") enthalen. Esou Drëttparteisäiten a Genannt Verkeefer stinn net ënnert eiser Kontroll. iRobot bitt dës Linken a Referenzen nëmme fir Iech ze hëllefen un, a kuckt, genehmegt, iwwerwaacht, garantéiert fir oder representéiert net dës Drëttparteisäiten oder Genannt Verkeefer. Äre Gebrauch vun dësen Drëttparteisäite geschitt op eegene Risque.

12.6       Verëffentlechung

iRobot ass net verantwortlech fir Drëttparteien an hir Produkter a Servicer, dozou gehéiert ë.a. App-storen, Produkter a Servicer vun Drëttparteien, Drëttparteisäiten, Genannt Verkeefer, Ausrüstung an Netzubidder. iRobot entseet sech, an Dir schwätzt iRobot a seng Lizenzgeber a Fournisseure fräi vun alle vergaangenen, aktuellen an zukünftegen Uspréch, Haftungen a Schued, bekannt oder onbekannt, déi entstinn sinn oder an Zesummenhang stinn mat Ärem Interagéiere mat esou Drëttparteien an hire Produkter a Servicer, souguer wann Dir, zum Zäitpunkt vun Ärem Averständnis mat dëser Verëffentlechung näischt vu engem Usprooch wosst.

13. Besëtzer an Urheberrechter

13.1       Dir sidd domadder a verstanen, dass all vertraulech Informatiounen, Copyright an aner Urheberrechter vum Produkt, der Produktsoftware an de Servicer iRobot gehéieren oder deene Persounen, déi dës Rechter un eis lizenzéiert hunn. Dir sidd domadder averstanen, dass Dir keng Rechter un oder op eis Produkter, Produktsoftware an de Servicer hutt, ausser d'Recht se ze benotzen, sou wéi et an dëse Servicebedéngunge beschriwwen ass.

13.2       Dir dierft nëmmen Deeler vun de Servicer (dozou gehéiert de Site) op Ärem Computer fir den eegene Gebrauch kopéieren. Dir dierft den Inhalt vun de Servicer net op eng ëffentlecher oder kommerzieller Manéier gebrauchen an Dir dierft keen Inhalt vun de Servicer ouni d'schrëftlech Geneemegung vun iRobot an en anert Wierk kopéieren oder integréieren, dozou gehéiert de Site. Dir braucht eng Lizenz vun eis, ier Dir en Deel vun de Servicer verdeele kënnt.

13.3       iRobot behält dat ganzt Recht op all Inhalter vun de Servicer, dozou gehéiert d'Software fir erofzelueden an all Daten, déi dozou gehéieren. Dir dierft net d'Struktur oder d'Presentatioun vun de Servicer oder hirem Inhalt kopéieren, änneren oder an iergend enger Weis reproduzéieren oder beschiedegen.

14. Eist Verhältnis ofschléissen

14.1       Wann Dir zu engem Ament fannt, dass Dir net mat dëse Servicebedéngungen oder den Ännerungen vun deene Servicebedéngungen oder de Servicer averstane sidd, musst Dir direkt ophalen, d'Servicer ze benotzen.

14.2       Wann Dir Äre Gebrauch vun de Servicer wëllt ofschléissen, haalt Iech weg. un d'Instruktiounen, fir Äre Konto ze desaktivéieren an den Astellungen vun eise Servicer.

14.3       Mir kënnen Äre Gebrauch vun de Servicer direkt ofschléissen, wann Dir géint d'Regelen fir den akzeptabele Gebrauch oder aner wichteg Regel(en) oder Bedéngungen, déi mir fir den Zougrëff an de Gebrauch vun de Servicer festgeluecht hunn, verstéisst, dozou gehéieren och dës Servicebedéngungen.

14.4       Mir kënnen och de Service zeréckzéien zu all Moment sou laang wéi mir Iech am Viraus Bescheed gesot hunn, dass mir dat wëlles hunn.

14.5       Wann Dir oder mir Äre Gebrauch vun de Servicer ofschléissen oder mir zéien d'Servicer zeréck, kënne mir Äre Konto oder aner Informatiounen iwwert Iech läschen oder modifiéieren. Dir verléiert och all Rechter, déi Dir hutt, fir de Service ze benotzen. Dir gitt net fir dës Perte kompenséiert.

14.6       Wann Dir e Produkt op en neie Proprietaire iwwerdréit, ginn Är Rechter fir d'Servicer, déi zum Produkt gehéieren automatesch ofgeschloss an den neie Proprietaire huet kee Recht de Produkt oder d'Servicer mat Ärem Konto ze benotzen, hien/si muss e separate Konto bei iRobot ariichten.

15. Eis Haftung / Responsabilitéit vis-à-vis vun Iech

15.1       Leider ginn d'Servicer sou ugebueden, wéi se an deem Moment grad ausgesinn an zur Verfügung stinn, dat wéinst der Natur vum Internet an der Technologie. Dat bedeit, dass mir net versprieche kënnen, dass Äre Gebrauch vun de Servicer net onënnerbrach, ouni Verzögerungen a Feeler oder Ären Erwaardungen net entsprécht a mir maache keng Verspriechungen zu der Leeschtung oder Zougänglechkeet vun de Servicer an dëse Servicebedéngungen an, am erlaabten Ausmooss, entsoe mir eis vun de Verflichtungen, déi vum Gesetz implizéiert ginn.

15.2       Am gesetzlech erlaabten Ausmooss, iwwerhuele mir keng Verantwortung fir Uspréch, déi duerch d'Ubidde vun de Servicer entstinn (well dës gratis ugebuede ginn).

15.3       Op jidder Fall si mir ni responsabel fir eng Perte oder e Schued, deen net hätt kéinte viraus gesot ginn.

16. Konflikter schlichten

16.1       Wann Dir e Konflikt mat eis wéinst de Servicer hutt, wennt Iech an éischter Linn un eis global.irobot.com a probéiert dat mat eis informell ze léisen.

16.2       Am onwahrscheinleche Fall, dass iRobot net am Stand ass, de Konflikt informell ze léisen, diskutéiere mir mateneen an eegenen eis op eng efficace Léisung vum Konflikt.

17. Ännerungen un de Servicer

17.1       Mir aktualiséieren a verbesseren d'Servicer konstant, fir nei an innovativ Fonctiounen a Servicer ze fannen an Iech unzebidden. Verbesserungen an Updaten ginn och gemaacht, fir mat verännerlecher Technologie, Goût'en, Verhalen an der Aart a Weis, wéi d'Leit den Internet benotze matzegoen.

17.2       Fir dat maachen ze kënnen, musse mir eventuell en Deel vun de Servicer oder eng Fonctioun, déi mat de Servicer ze dinn huet, aktualiséieren, zerécksetzen, aus dem Programm huelen an/oder ophalen z'ënnerstëtzen ("Ännerungen un de Servicer"). Dës Ännerungen un de Servicer kënnen Är vergaangen Aktivitéiten op de Servicer, Fonctiounen, déi Dir benotzt an Är Produktinformatiounen ("Serviceelementer") beaflossen. All Ännerungen un de Servicer ka bedeiten, dass Är Serviceelementer geläscht oder zeréckgesat ginn.

17.3       Dir sidd domadder averstanen, dass eng Haaptcharakteristik vun eise Servicer ass, dass d'Servicer am Laf vun der Zäit geännert ginn an dat ass eng wichteg Basis, op där mir Iech Zougang zu de Servicer ginn. Soubal mir Ännerungen un de Servicer gemaacht hunn, weist Äre weidere Gebrauch vun de Servicer un, dass Dir all Ännerung un de Servicer akzeptéiert hutt. Dir kënnt ëmmer ophalen, d'Servicer ze benotzen oder Äre Konto an den Astellunge vun de Servicer desaktivéieren.

17.4       Dir sidd domadder averstanen, dass mir keng Haftung Iech géigeniwwer oder enger Drëttpartei géigeniwwer droen, fir eng Ännerung un de Servicer.

17.5       Mir wäerte probéieren, wou dat méiglech a raisonnabel ass, Iech ze kontaktéieren, fir Iech iwwer wichteg Ännerunge vun de Service z'informéieren.

18. Ännerungen am Dokument

18.1       Mir kënnen dës Servicebedéngungen heiansdo änneren, mee déi rezentst Versioun fannt Dir ëmmer op www.irobot.com/legal.

18.2       Ännerunge falen normalerweis dann un, wann nei Fonctioune bei d'Servicer derbäi kommen, Gesetzer geännert oder do wou et néideg ass, eis Positioun zu eppes méi däitlech muss gewise ginn.

18.3       Mir wäerte probéieren, wou dat méiglech a raisonnabel ass, Iech ze kontaktéieren, fir Iech iwwer wichteg Ännerungen an den Dokumenter, op déi an dëse Servicebedéngunge verwise gëtt, z'informéieren. Mir kënnen Iech iwwert d'Servicer (z.B. andeems mir Iech bieden, d'Ännerungen z'akzeptéieren ier Dir de Service weider benotzt) oder iwwert eng separat Mail kontaktéieren.

18.4       Normalerweis, gi mir Iech ëmmer e Preavis ier nei Bedéngungen a Kraaft trieden. Verschidden Ännerunge mussen awer direkt gemaacht ginn a wann dat geschitt, gi mir kee Preavis. Äre weidere Gebrauch vun de Servicer, nodeems mir d'Servicebedéngunge geännert hunn, weist dass Dir d'Ännerungen akzeptéiert hutt.

19. Dokumenter, déi sech op eis Geschäftsverbindung mat Iech bezéien

19.1       Déi aktuell Versioun vun de Servicebedéngungen enthält just Bedéngungen a Konditiounen, déi sech op eis Geschäftsverbindung mat Iech bezéien. Méi al Versioune vun de Servicebedéngunge sinn net méi gülteg fir eis Verbindung a si gi voll a ganz duerch déi aktuell Versioun ersat.

19.2       Mir wëllen eis op dës Servicebedéngunge bezéien, als déi schrëftlech Bedéngunge vun eisem Vertrag mat Iech iwwert eis Offer vun de Servicer. Wann een Deel vun de Servicebedéngungen net ëmgesat ka ginn, soll sech de Rescht vun de Bedéngungen weider op eist Geschäftsverhältnis bezéien.

19.3       Wann Dir Iech net un dës Servicebedéngungen halt a mir net direkt dorop reagéieren, bedeit dat net, dass mir Iech d'Rechter ofgetrieden hunn a mir kënnen an Zukunft Mesurë géint Iech aleeden.

20. Gesetz

20.1       Dës Servicebedéngungen ënnerstinn dem Gesetz vun England. Englesch Geriichter hunn déi net-exklusiv Geriichtsbarkeet bei all Konflikt, deen duerch oder bei Ärem Gebrauch vun de Servicer entsteet.

20.2       Näischt an dëser Klausel soll ee vun eis dovunner ofhalen, en Unterlassungusproch (am Notfall) oder aner gerecht Uspréch bei Geriicht ze droen, wann et ëm Datesécherheet, Urheberrechter oder net-autoriséierten Accès vun de Servicer geet.

21. Verdeelen

Dës Servicebedéngungen an aner associéiert Rechter oder Verflichtunge kënnen net ouni eng schrëftlech Geneemegung, déi Dir am Viraus vun iRobot kréie musst, verdeelt oder soss iergendwéi iwwerdroe ginn. Dës Servicebedéngunge kënnen ouni Aschränkunge vun iRobot verdeelt ginn. Dës Bedéngungen si fir all Rechtsnofolger bannent.

22. Messagen

iRobot kann Iech no Choix Message schécken, sou wéi dat vum Gesetz oder fir aner Zwecker verlaangt gëtt, entweder iwwer Är primär E-Mail-Adress, déi zu Ärem Konto gehéiert, als Pabeierversioun oder duerch e Post op der Websäit. iRobot ass net responsabel fir automatesch Filteren, déi Dir oder Ären Netzwierkubidder bei Ären E-Mailen hutt. iRobot recommandéiert, dass Dir Adressen mat @iRobot.com an Äert E-Maill-Adressebuch setzt, fir sécher ze goen, dass Dir Message vun iRobot kritt.

23. Verëffentlechungen

Kuckt hei fir d'Adress vun iRobot: global.irobot.com

24. Kontakt, Feedback a Reklamatiounen

24.1       Wann Dir eis kontaktéiere musst wéinst dëse Servicebedéngungen oder aner Dokumenter, déi doran ernimmt gi sinn, da maacht eis eng E-Mail op global.irobot.com.

Et ass wichteg fir eis, vun eise Benotzer ze héieren, well mir ëmmer nei Méiglechkeete léieren wëllen, déi de Service verbessere kënnen. Duerch Äre Feedback, sidd Dir domadder averstanen, dass Dir all Rechter, déi Dir un Ärem Feedback hudd, opgitt, sou dass mir oder anerer en ouni Aschränkungen a Bezuelung un Iech benotze kënnen.

Dës Richtlinne goufe fir d'Lescht den 30.09.2016 geännert a gëllen zanterhier.